Spannend, Innovativ an eng absolut Kaafempfeelung
Gëschter hunn mir zu zwee vir d’Éischt Detective – A modern Crime Boardgame getest. Vu Viraus hunn ech mech mega op dëst Spill gefreet. Ee Brietspill wat eng richteg FBI Ermëttlung widderspigelt a wou Spiller duerch zesummeschaffe Fakten opdecke mussen.
Am Grondspill si 5 Fäll déi et gëllt als Team kooperativ ze léisen. Ausserdeem sinn déi Fäll an enger Haaptkampagne matenee verbonnen.
D’Fäll sinn alleguerte kuerz am Fallbuch erkläert. Si bestinn aus engem Kaartendeck, déi een sech op kengem Fall virdrun ukucke soll. Et muss een sech am Spill entscheede weienge Spueren een nogeet. D’Spill ass esou ausgeluecht, dass een net alles an engem Duerchlaaf erausfanne kann.
Fir d'Fäll ze léisen hellt all Spiller Roll vun engem Personnage un an erhält domat eent individuellt Talent.
Ausserdeem ass eng Map am Spill enthalen, déi verschidde Platzen uweist. Dozou gehéieren Zentral, Labo, Geriicht, Policebüro an d’Staat (Recherchen vor Ort). All Fall ass zäitlech begrenzt; oft huet ee just puer Deeg. Een Aarbechtsdag besteet aus 8 Stonne mee et kann een sech awer och dozou entscheeden Iwwerstonnen ze maachen, wat awer Stress produzéiert.
Als Ermettlerteam kritt een zousätzlech d’Datebank Antares; eng Internetsäit; zur Verfügung gestallt. Dëst ass menger Meenung no och d’Häerzstéck vum Spill, well een do alles andréit wat een esou erausfonnt (Fangerofdréck, Spuren an all Persounen déi relevant sinn)
Wann een dee leschten Dag Feierowend mëscht muss een an der Datebank direkt een Ofschlossbericht ausfëllen. Dëse stellt Froen iwwert de Fall an iwwert d’Haaptkampagne. De Programm rechent dann unhand vun den Äntwerten eng Punktzuel aus. Dann kritt dir och gesot op dir de Fall geléist hutt oder net.
FAZIT: Den éischte Fall huet eis scho mol ganz gutt gefall. Et fillt een sech ganz séier wei e richtegen Detektiv an am léifste wéilt een all Hinweis erausfannen. Besonnesch d'Datebank Antares ass immens gutt gelongen a gëtt engem Gefill ee richtege Fall ze beschafen. Si ass ausserdeem ganz benotzerfrëndlech, wat och manner erfuerene Spiller et erméiglecht Spaass um Spill ze hunn.
Ech muss awer och soen, dass et zu zwee relativ schwiereg ass. Et huet ee manner Input deen ee verschaffe kann a manner Theorië wei wann een zu 4 géing spillen. Trotz allem ass et immens spannend erauszefanne wat genau geschitt ass, d’Fangerofdréck ze vergläichen a Verdächteger ze verhéieren. Schued ass just dass een en Verhéier net selwer duerchfeiere kann, spriech et huet ee keng Dialogmeiglechkeeten. Ausserdeem sinn Opname vum Verhéier a renger Textform an et kann een sech se net unhéieren.
Klengen Tipp: Huelt iech vill Zäit a rennt net duerch den Fall. Mir hunn fir deen éischten ongeféier 5 Stonne gebraucht. Wann een alles notéiert an alles laang duerch diskutéiert ass dat Spill immens zäitopwänneg. Wann een dëst awer net mëscht hellt een sech selwer de ganze Spillspaass. Fir de perfekte Feeling schloen ech iech vir virdrunner genuch Donuts ze kafen.