fbpx

Wëllkomm

An dësem Blog fannt dir reegelméisseg Rezessiounen zu Brietspiller a Social Gaming. Des Community ass zu Lëtzebuerg leider net esou staark vertrieden, ewéi an anere Länner an dat soll sech änneren. Falls dir also passionéiert Spiller sidd kennt dir hei nei Spiller fir iech entdecken. Falls dir bis elo just Monopoly oder Contra-Mit kennt, hoffen ech iech mat dësem Blog d'Brietspillszen méi no ze bréngen.

Falls dir Wënsch hutt oder är Events, wei Spillowenter oder Tournoien, deele wëllt kennt dir dat einfach per Email op contact@jump-on-board.de schécken.   

Nochmal, Decrypto, Es war einmal an Exploding Kittens

Wie kennt et net? D'Chrëschtdagsiessen dauert éiweg an et wënscht ee sech e bëssen Ofwiesslung. Hei fannt dir eis Favoritten fir Chrëschtdag.

Nochmal:

Nochmal ass e schnellt an einfacht Würfelspill, wou de Numm definitiv Programm ass. D'Ziel ass et meiglescht séier souvill wei méiglech faarweg Felder unzekräizen. Dëst mëscht een andeems een eng Kombinatioun aus engem Zuelen- an engem Faarwwürfel benotzt. D'Spill ass ganz simpel, d'Reegelen si schnell erkläert a jidderee wäert Spaass drun hunn. D'Spill mëscht definitiv süchteg an et bleift éischter seele bei enger Partie. Fir jiddereen deen Nochmal kennt kann alternativ och Ganz schön Clever testen.

Bei dësem Spill ka grouss a kleng matspillen. D'Spill eegent sech och fir jidderee dee soss net vill spillt.

Decrypto:

Bei Decrypto spillt een an zwee Teams. All Team kritt eng Entschlesslungshellef, déi aus 4 Wieder besteet, déi den Zuelen vun 1 bis 4 zougeuerdent sinn. Aus all Team zitt ee Spiller en 4 stellege Code an deen versicht sengem Team mat Hëllef vun de 4 Wieder aus der Hëllef de Code ze vermëttelen. Dobäi ass et wichteg de Code méiglechst verschlësselt ze vermëttelen, well dat anert Team probéiert de Code ze knacken. 

D'Spill ka super mat der ganzer Famill gespillt ginn. Et mëscht richteg Spaass an eng Laachkris ass op allefall garantéiert.

Es war einmal:

Es war einmal ass ee ganz gutt gelongent Erzielspill. All Spiller kritt eng Kaart mat engem geheimen Enn. Ausserdeem huet jiddereen nach Handkaarten mat Platzen, Persounen, Gefiller oder Aktiounen drop. Zum Schluss muss een nach e bësse Fantasie hunn a scho wäert dëst d'Spill e ganzen Owend fëllen. Een Spiller fänkt un an erzielt mat Hëllef vu sengen Handkaarten eng Geschicht. Dobäi probéiert hien all seng Handkaarte lass ze ginn an op säint perséinlecht Enn hinzeschaffen. Di aner Spiller kennen hien awer ënnerbriechen soubal den Erzieler e Wuert vun enger aner Handkaart erwäänt. Wann den Erzieler vun der Fantasie verlooss gëtt ass et och um nächsten. D'Ziel ass et Geschicht mat sengem Enn ofzeschléissen.

Es war einmal kann een ideal mat grouss a kleng spillen. Et muss een einfach oppen sin a schon geet d'Fantasie mat jidderengem duerch.

Exploding Kittens:

Bei dësem schnelle Kaartespill zitt e Kaarten an hofft dobäi net ze explodéieren. Et ginn dobäi vill verschidde Kaarten déi engem hëllefe kennen aner Spiller zum explodéieren ze kréien wei zum Beispill: "déi iewescht Kaarten ukucken an nei unuerdnen", "een aner zwéngen eng Kaart ze zéien", "de Stapel mëschen" oder "eng géigneresch Aktioun verhënner". Ausserdeem kann all Spiller eemoleg eng Bomm entschäerf an op eng fräi wielbar Plaz am Stapelen zeréck leen. Gewonnen huet déi lescht Kaz, déi net explodéiert ass. 

 D'Spill ass super a garanteiert e leschtegen Owend. Just mat klengen Kanner ass d'Spill net onbedéngt empfeehlenswert.