Véier Deeg am Brietspillparadise!
En Donneschden, den 24.10.2019, huet Spiel, déi gréißte Messe fir Brietspiller, zu Essen ugefaangen. Mat ongeféier 209000 Besicher ass och dest Joer Editioun definitiv gelongen!
Mir waren dest Joer fir d'éisc:hte Kéier vu Freides bis Sonndes mat dobäi. Hei fannt Dir puer vun eisen Andréck an e puer vun eisen perséinlechen Highlights.
Freides Moies si mir géinter 8:30 schon zu Essen ukomm. dat ass och déi beschten Auerzäit, fir nach eng Parkplatz a Messenähe ze kréien. Natierlech ginn et nach aner Parkméiglechkeeten, mee wann een méi kaafen well, ass et scho praktesch no bei der Messe ze parken. Um 9 Auer ginn dann endlech Dieren op a mir hun eis immens gefreet, bis eis opgefall ass, dass een dann bannen nach emol eng Stonn waarden muss. D'Stemmung virun den Dieren war awerr emmer super, d'Léit waren ganz oppen a frendlech. Außerdeem hunn do schon vill kleng Gruppen eppest gespillt: op e Würfelspill, wéi Noch Mal! per App oder e Kaartespill, wéi Palm Island, wou keen Desch gebraucht gett!
Um 10 Auer sinn dann endlech Dieren opgaangen. Eisen éischten Androck war bessen iwwerfuerdert, well mir eis net spezifesch virbereet haaten. Schnell fennt een awer eng Plaz fir eng Demoronn vun de Spiller ze spillen. Déi meescht Verläg froen direkt op een eppes testen well, an erklären hier Spiller séier. Außerdeem huet een op all Eck Méiglechkeet Spiller ze kaafen. Do gellt et: deen éischten ass vir! Bei verschidde Spiller wollten mir bis Samsdes waarden fir ze kaafen, an leider waren se dunn schon ausverkaaft. Trotz allem sinn mir natierlech net eidel ausgaangen mee dozou méi méi spéit. Nodeems mir eis eng éischte Kéier duerch déi 6 Haalen gekämpft haaten, war eis séier kloer, dass een Daach op der Messe net duergeet. Nierwend de ganzen Verkaafsstänn, a Verläg, wou een Spiller testen kann, sinn natierlech och nach Youtuber a weider Merchandise-Stänn duercht Haalen verdeelt. Et stinn och Descher bereet fir Minis ze bemolen. En absoluten Highlight vun eis war, dass verschidden Verläg e klengen Escape Room ogbegebaut haaten- des sinn vun engem klasseschen Safe knacken, bis zu engem Steal the Game gaangen. Natierlech konnt en och bei verschiddene Stänn u Gewennspiller deelhuelen!
Samsdes Mettes war Messe immens ustrengend. Et waren souvill Léit do, dass een kaum eppes testen konnt, nach wierklech op engem Stand stöberen konnt. Mir wollten onbedingt Zona - The secret of Chernobyl testen, an sinn och direkt nodeems Dieren opgaangen sinn dohinner gelaaf. Leider ouni Erfolleg... Bei beléiwten Spiller muss een sech vill Zäit huelen, fir unzestoen. Doweinst sinn mir Samsdes relativ fréi gaangen.
Sonndes war et nees ganz roueg. Do konnten mir rem Spiller testen an et konnt een nach e puer Schnäppchen mathuelen. Verschidden Händler passen Sonndes hir Präiser no ennen un, fir net op de Spiller setzen ze bléiwen. Et lount sech also ab und zu bis Sonndes ze waarden, iert een eppes keeft.
D'Spiel ass eng immens flott Erfahrung, déi all Frenn vu Brietspiller emol am Joer mat muss maachen. Wann e méi dovun well hunn, dann soll een sech awer opmaanst 2 Deeg Zäit huelen. Wann ee Moies fréi dohinn geet erliewt een och am beschten déi flott Stemmung ennert de Besicher, an awer och di flott Stemmung, déi vun de Verläg ausgeet, wann Dieren bis opginn. Mir fréen eis definitv des cool Erfaahrung nächst Joer ze widderhuelen!
Game-Highlights
No eisen Andréck vun der allgemenger Messe, fannt Dir hé e puer vun eisen Highlights, déi mir op der Spiel ze gesinn kruten oder testen konnten:
- Zona - The secret of Chernobyl Eisen absoluten Highlight war Zona. E Spill vum Rebel Verlag, wou et drems geet an enger postapokalyptescher Welt bis zum Reaktor vun Chernobyl ze gelaangen. Dobäi ass een natierlech villen Gefooren ausgesaat: Menschen, mutéiert Déieren a sou weider. Testen konnten mir Spill leider net, awer mir haaten d'Méiglechkeet, de Spillprinzip erklärt ze kréien, an eis den Artwork unzekucken. Desen huet eis esou gudd gefall, dass mir d'Spill direkt matgeholl hunn. Leider ass d'spill momentan nemmen op Englesch erhältlech, mee et ginn awer schon Diskussiounen, fir eng Déitsch Iwwersetzung. Außerdeem kruten mir d'Artbook nach vum Erfanner signéiert. Een ausféierlechen Beitrag dozou fannt Dir och schon héi op Däitsch!
- Cthuluh - Death May Die Den Kickstarter vun CMON huet fir vill Gespréich op der Messe gesuergt. Dozou gehéieren net nemmen déi cool Minis, déi een vun CMON gewinnt ass, mee leider och de Fakt, dass d'Kickstarter-Backer hiert Spill nach net erhaalen hunn, et awer schon op der Messe verkaaft ginn ass. Fir en Duerschnettspreis vun 85€ war dat och fir eis een Must Have! Mee och do gellt et net ze laang ze zögeren; Sonndes haaten vill Händler keen Exemplair méi op Stock. Och zu desem Spill wärt demnächst een detailléierten Beitrag kommen!
- Escape Tales - Low Memory Een Spill, wat mir op der Spiel getest haaten war Escape Tales - Low Memory vun Board & Dice, wat e Nofollger vun Escape Tales - The Awakening ass. D'Spill besteet aus drei verschiddene Fäll, déi emmer em déi 2-3 Stonnen daueren. Op der Messe konnte mir en Demo-Fall testen, deen eis immens gudd gefall huet. Dofir hunn mir d'Spill direkt matgeholl. Dozou wärt natierlech och demnächst en Beitrag kommen! D'Spill ass esou opgebaut, dass een emmer verschidden Réim huet, an deenen een verschidden Saachen erkunde kann. Déi verschidde Plaaze bréngen engem dann öfters Kaarten, déi Rätselen enthaalen. Fir e Rätsel ze léisen notzt een en Internetsite. Do fennt een dann och zu all Rätsel Hinweiser. Ganz gudd huet eis gefall, dass déi 3 verschidden Fäll zesummenhänken.
- Aftermath En anert Spill wat eis vum Artwork hier besonnesch iwwerrascht huet, war Aftermath vun Plaid Hat Games, den Maacher vun Maus und Mystik. Am Spill sinn natierlech nees kleng Miniaturen enthaalen, enner anerem Méis. Mir sinn schon immens begeeschtert gewiecht vun Maus und Mystik a freen eis och op dest Spill.
- Tainted Grail D'Kickstarterkompagne vum néie Spill vun Awaken Realms ass jo well laang riwwer, an mir freen kennen et kaum erwaarden eis Kopie ze erhaalen. Op der Messe war et dofir och Pflicht fir eis beim Verlaag laanscht kucken ze goen. Déi haaten natierlech déi fantastesch Miniaturen an de Vitrinen ausgestallt. Dat huet Virfreed vun villen Backern nach eemol gestéigert. Außerdeem sinn et e puer Figuren ze kaafen ginn, sou wéi d'Figur vum King Arthur. Leider war et awer immens schwéier un esou eng Figur ze kommen. De Verlaag huet eis emmer erem ofgewimmelt an op méi spéit vertréischt. Leider war et net méiglech déi erstaunlech Figur ze ergatteren. Soubaal dest Spill ausgeliwwert ass, wärt et natierlech e Beitrag doriwwer ginn!
- Arkham Horror - Final Hour Dat néit Spill vun Fantasy Flight Games ass nees een kooperativt Spill vir 1-4 Spiller am Lovecraft Universum. Wou mir dat spill op der Spiel gesinn hunn, waren mir begeeschtert, well d'Spill keng Würfelen enthält. Domadd verschwennt deen Gléckseffekt, deen an der klassecher Arkham Horror Versioun stark vertrueden ass. D'Spill leeft gett iwwer Kaarten gestéiert, mat deenen een Prioritéiten festleet. Sou fennt een raus, wéi eng Kaart wéini ausgespillt gett, an wat fir een Effekt vun deser Kaart getriggert gett. Dozou kennt Dir awer och héi méi an eisem däitschen Artikel liesen.