fbpx

Einfacht Deckbuilding Spill, mat coolem Artwork

 Am Spill Das Grimoire des Wahnsinns geet et drëms als Team vu jonken Zauberschüler zesumme Monsteren ze bekämpfen, déi aus engem Zauberbuch eraus kommen. D'Spill verbënnt eenzel Elementer vu Brietspiller mat Kaarten. En zentraalt Element ass och den Deckbuilding.

Jidderee sicht sech e jonken Zauberschüler mat enger Fäegkeet eraus an erhält domadder och en Deck u Kaarten. D'Kaarte weise jeeweils e vun de 4 Elementer an e Wäert vun 1,2 oder 3 un. Des gi benotzt, fir Monster ze bekämpfen, ze Zauberen oder e puer Wahnsinnskaarte lass ze  ginn. All Zauberer ka vun Ufank un 4 Zauber, déi ee jeeweils duerch Bezuele vum néidegen Element, ee mol pro Zuch notze kann. Am Laf vum Spill kann hien awer ëmmer nei Zauberspréch leieren.

 

 All neit Monster wat aus dem Buch opdaucht bréngt 3 verschidde Flich mat sech. Fir Monster ze bekämpfe mussen Zauberer déi Flich bannen, wou fir een ëmmer Kaarten am Wäert vu 4 vun engem Element brauch. Dofir ass et wichteg sech ëmmer erëm nei Kaarten ze kafen an sech sou säin eegent Deck ze bauen. Mee et muss e sech tommelen, well all Fluch trefft Zauberer wann si net schnell genuch sinn. Meeschtens kritt een doduerch Wahnsinnskaarten, déi en nëmme ganz schwéier lass gëtt. E Spiller deen nëmmen nach Wahnsinnskaarten op der Hand huet, ka leider net méi géint Monster kämpfen. 

 

D'Ziel vum Spill ass et dat lescht Monster ze bekämpfen iert et entkomme kann. D'Zauberer verléieren awer automatesch, wann keng Wahnsinnskaarte méi do si fir nozezéien.

 

Fazit: Das Grimoire des Wahnsinns gefält mir ganz gutt. Et ass e flott Deckbuilding Spill fir jiddereen, well een d'Schwieregkeet och upasse kann. Et mëscht souwuel zu 2, wei och zu 4 Spaass an et kann een et och mol tëschenduerch spillen. De ganzen Artwork ass ganz gutt gelongen an arennert deelweis un Harry Potter. Ech géing d'Spill och jidderengem recommandéieren, deem Wettlauf nach El Dorado gefällt oder deen sech e bëssen an Deckbuilding Spiller eraschaffe well.

 

Klengen Tipp: Schafft gutt als Team a probéiert net alles eleng ze maachen. Nëmmen esou packt dir et net wahnsinneg ze ginn.