Innovativen Mechanismus mat Magnéiter an coolen Artwork!
The Faceless, ee Spill vun AlterEgo Games fir 2-4 Spiller, baséiert op engem eenzegartegen Mechanismus mat Magnéiter. Den klengen Ethan ass verschwonnen an Spiller tauche gemeinsam an Roll vum Ethan senge Frënn an, fir hien aus dem Billygoat sengen Hänn ze befreien.
D'Spill The Faceless besteet aus engem duebelsäitegen Spillbriet, Kaarten, puer metallen Tokens, engem Kompass an puer Magnéiter.
Den absoluten Highlight vum Spill sinn menger Meenung no dei 4 Miniaturen: the Faceless an de Billygoat. An all Figur gëtt ennen een Magnéit geluecht. Dës beaflossen den Kompass, deen Frënn vum Ethan a soumat Spiller duerstellt.
D'Reegelen vum Spill sinn am Prinzip ganz einfach: All Spiller huet Kaarten virun sech léien. Wann et un sengem Tour ass, spillt een eng Kaart aus, déi et engem erméiglecht verschidden Aktiounen duerchzeféieren: Entweder et dréint een eng vun den Faceless-Figuren em, sou dass Richtung vum Kompass sech ännert. Eng aner Méiglechkeet ass et den Billygoat weg ze beweegen an ze dréinen. No all Aktioun kann een dann Frënn vum Ethan, also de Kompass, beweegen a versiichen Erennerungen, sprech d'Tokens, an ze sammelen. Dobäi gellt et natierlech opzepassen, dass een net an de Billygoat oder an eng der sëllege Faalen leeft.
Am Allgemengen duerf een sech awer net sou beweegen wei ee well, mee et muss een sech emmer an d'Richtung vum roude Pfeil um Kompass beweegen. An genau dat ass de Charme an awer och zäitgläich d'Haaptschwieregkeet vum Spill. Et ass net emmer esou einfach anzeschätzen, wei de Kompass sech duerch verschidden Aktioune beweegt. Wann een gehofft huet op enger Erennerung ze landen, kann et mol séier passéieren, dass een an eng Faal tappt.
Natierlech erwaarden eis an dëser donkler Welt och nach aner Gefooren, déi no all Zuch duerchgefouert ginn, mee dozou fënnt ee méi an de Reegelen.
Fazit: The Faceless ass een ganzt interessant Spill, mat engem immensen Artwork. Alleng doweinst lount sech schon den Kaaf. Mee och Mechanik ass ganz gudd emgesaat. Et mescht emmer rem richteg Spaass. E klengen Kritikpunkt gëtt et awer leider: No 2 Ronnen huet een séier raus wéi d'Magnéiter de Kompass beaflossen. Do kennt et seelen zu engem richtegen Iwwerraschungsmoment, ausser, wann een Spillbriet verléist an op der aner Säit zréck kennt. Trotz allem ass et menger Meenung no een Pflichtkaaf, well genuch Varianten am Spill gebuede ginn. Et gett z.B. Niwwel, deen verhënnert, dass een de Kompass gesäit. Doduerch gëtt d'Spill natierlech e gudd Stéck méi schwéier. Och fir all déi, déi net esou gudd am Engleschen sinn: d'Spill ass komplett Sprochneutral, sou dass een sech just déi englesch Reegelen erklären loosen muss.