Eenzegaarteg an trotzdeem feelt et u Widerspillwert.
Discover ass een Entdeckungs- an Iwwerliewensspill fir 1-4 Persounen. All Spill ass eenzegaarteg, dat heescht och wann een sech et 2 mol keeft huet een net dat selwecht Spill. Natierlech bleift d'Grondiddi vum Spill selwecht. Dat eenzegt wat sech ännert ass de Spillplang an domadder och déi eenzel Kaarten. Am Prinzip klengt dat mega spannend an innovativ, leider kann d'Spill dat awer net laang anhalen.
Discover ass a 5 Szenarien op zwee verschidde Gebitter agedeelt. Dobäi enthält net all Kopie déi zwee selwecht Gebitter. All d'Spiller hellt Roll vun engem Iwwerliewenden an a versicht fir d'aller éischt mol ze iwwerliewen. Am Laf vun engem Daach, mussen d'Spiller Iessen, Waasser a Materialie sammelen, Géigestänn craften an d'Emgeigend erfuerschen. An deenen eenzele Szeniaren gëtt et dann eng Quest déi een erfëlle muss, fir d'Spill ze gewannen. Wärend der Nuechtphase ass et oft rotsam, net ze weit vun engem Feier fort ze sinn. Meeschtens sinn d'Spiller an der Nuecht Monsteren, Honger oder Onwieder ausgesat.
Beim Spill ass et wichteg ze wëssen, dass et weder kooperativ nach kompetitiv. Am Laf vun Discover kann een sech ëmmer op een neits iwwerleeën op ee mat aner Spiller zesumme spille well oder awer just un sech selwer denkt. Gewanne mëscht all Iwwerliewenden, deen d'Endquest erfëllt. Jiddereen deen am Laf vum Spill stierft, gehéiert zu de Verléierer.
FAZIT: Mir hunn den éischte Szenario vun Discover zu 2 gespillt a ware ganz gespaant ob eis eenzegaarteg Ausgab. Mir hunn Spillpläng Tal a Sumpf an hunn ugefaangen Tal ze erfuerschen. Am Ufank mëscht dat jo och nach wierklech Spaass, d'Spill ass relativ realistesch gehalen an et ass spannend sech duerch d'Emgeigend ze kämpfen. Leider fällt Motivatioun speidsdens nom éischte Szenario an de Keller.
Wann een sech dat zweet Szenario ukuckt (wat bei eis och am Tal spillt), mierkt een direkt, dass de d'Spillopbau erëm ähnlech ass. Déi eenzel Deeler vum Spillplang ginn zwar bëssen zoufälleg hi geluecht mee trotzdeem kommen ëmmer all Deeler mat op den Dësch. Dat heescht beim zweete Szenario weess ee genau, dass zum Beispill Feld mat der Nummer 40 eng Blummewiss ass an et weess e genau wat do geschitt.
Ab dem 3ten Szenario geet een dann an de Sumpf. Och do wäert et zwar interessant sinn ee Szenario duerch ze spille mee deen zweete verléiert direkt u Reiz, well ee Map scho kennt.
D'Maacher vum Spill ginn dann un, dass de 5ten Szenario am meeschte Widerspillwert huet, well een do soulaang spillt bis just nach ee Spiller lieft. Dëse Szenario kann een dann och an all Gebitt spillen. Dat klengt jo och ganz witzeg, mee wann ech genau weess weieng Felder mir weieng Virdeeler bréngen, mëscht et definitiv kee Spaass méi.
Dofir géinge mir d'Spill net recommandéieren! D'Iddi vun engem eenzegaartege Spill ass wierklech top, mee et feelt einfach un der Ëmsetzung. (Sollt sech eis Meenung wärend deenen aner Szenarien änneren, updaten mir den Beitrag natierlech.)
Klengen Tipp: Kaaft iech d'Spill gebraucht, a sicht iech dobäi déi zwee Gebitter eraus, déi iech am meeschten uschwätzen. Ganz wichteg ass och dass dir iech Material net am Viraus ukuckt, soss verléiert d'Spill scho beim éischte Szenario säi Reiz.