fbpx

 Epesch Schlachten virum Ënnergang vun Yggdrasil

Blood Rage hunn ech mir eigentlech just kaaft, well et roofgesaat war. Ech war ufanks ganz skeptesch obwuel ech ee Fan vu Cool Mini or Not sinn. No 3 Ronne fannt dir elo hei meng Rezessioun.

Am Blood Rage geet et em 4 Clans, déi de meeschte Ruhm wëlle gewannen.  D’Welt em Yggdrasil geet lues a lues duerch de Ragnarök ënner an all Clan well esou vill Gebitter wei méiglech plënneren an hier Aufgaben erfëllen. Ausserdeem kréien si vill Unerkennung fir all Held, deen am Ragnarök stierft.

D’Spill ass an 3 Zäitalter opgebaut, déi ëmmer selwecht oflafen. An all Zäitalter kréie Spiller fir d’éischt Kaarten, mat deenen si sech en Deck zesummebauen. Dëst Deck besteet jee no Taktik aus verschiddene Kaarten: Kampfkaarten, Aufgaben, Ausrüstung fir de Clan, fir Kämpfer, fir den Anführer a fir Monster.  Dei nächst Phase besteet aus deenen eenzelen Aktiounen, wou et drëms geet Aufgaben unzehuelen, säin Clan opzerüsten, Gebitter ze plënneren an sech ëmmer erëm eng Schlacht mat anere Clans ze liwweren. Fir all Aufgab an all gewonne Schlacht kritt de Spiller Ruhm. Zum Schluss vun all Zäitalter geet ee Gebitt am Ragnarök ënner a fir all Held deen do stierft kritt en Ruhm. D’Helde komme virun all neiem Zäitalter aus Walhall zeréck, sou dass een seng ganz Streitmacht erëm zur Verfügung huet. Um Enn vum 3ten Zäitalter gëtt de Clan mam meeschte Ruhm zum Gewënner gekréint.

FAZIT: Ech hu Blood Rage zu 2 a 4 Spiller gespillt an ech muss soen et ass einfach mega cool. Egal ob een sech zu 2 bekricht oder een sech zu 4 ustachelt géint aneren an de Krich ze zeien et mëscht ëmmer Spaass. Alleng wann een an der Phase vum Deckbau scho 2 Monstere vir sech gewanne kann, freet een sech wei ee klengt Kand. Wann een dann nach 2 Clans géint eneen opstëppelt an déi sech geigensäiteg embrenge fillt een sech wei de grousse Gewënner.

Klengen Tipp: Blood Rage ass ee Spill wat vun epesche  Schlachte lieft. Traut iech eppes, zitt an de Krich oder bréngt opmanst déi aner dozou sech geigensäiteg emzebrengen.