fbpx

Vill verschidde Fäll, mee just eemoleg spillbar

D'Spillrei Exit vu Kosmos bitt immens vill verschidde Fäll an 3 Schwieregkeetsgraden un: Ufänger, Fortgeschratt a Profi. Op ee léiwer am Norden de Klimawandel ënnersicht oder awer léiwer an de Katakombe vu Paräis ënnerwee ass, bei der Exit-Rei kennt jidderee op säi Goût. 

All Fall besteet aus engem Tagebuch, enger Dréischeif an aus 3 verschiddene Kaartendecks. Rätselkaarten duerf een sech ukucke soubal een se am Tagebuch oder op enger aner Kaart entdeckt, Hiweiskaarten hëllefen engem weider wann ee mol erëm verzweiwelt a Leisungskaarten, déi engem verroden op ee Rätsel richteg geléist huet. Am Schnëtt besteet all Fall aus 10 Rätsele fir déi ee jeeweils en dräistellege Code erausfanne soll. Dëse gëtt een mat Hëllef vun der Dréischeif an, a kuckt sech Leisungskaart un. Ass se richteg fënnt ee meeschtens nei Rätselkaarten. Am anere Fall muss een sech nach eemol alles duerch de Kapp goe loossen oder villäicht déi eng oder aner Hellefkaart ukucken. 

 

Ausserdeem hunn Fäll oft nach e puer extra Géigestänn déi engem hëllefen Texter ze entschlësselen oder Code eraus ze fannen. Schued ass awer dass dëst ganzt Material meeschtens aus Pabeier ass. Erreischt säit deem neisten: Exit - Das Grauen der Katakomben gëtt et bësse méi Materialien déi ee fir léise vum Fall brauch, zum Beispill enger Käerz. 

Bei den Exit Spiller muss een en groussen Deel vum Material futti maachen: villes gëtt gediebelt, zerschnidden oder et muss een op Kaarte molen. Dëst ass immens schued well een doduerch Spill just eemoleg notze kann. 

 

Klengen Tipp: Onbedéngt Bakpabeier bei Hand hunn. Soubal dir eng Kaart bemolen oder zerschneide musst, moolt se fir d'éischt grob op de Bakpabeier of. Sou maacht dir näischt futti a kennt Spiller weiderginn oder no puer Joer erëm spillen.