- Details
- Kategorie: Kooperativ Spiller
Einfacht Deckbuilding Spill, mat coolem Artwork
Am Spill Das Grimoire des Wahnsinns geet et drëms als Team vu jonken Zauberschüler zesumme Monsteren ze bekämpfen, déi aus engem Zauberbuch eraus kommen. D'Spill verbënnt eenzel Elementer vu Brietspiller mat Kaarten. En zentraalt Element ass och den Deckbuilding.
- Details
- Kategorie: Spiller fir tëschenduerch
Escape Room, Exit oder awer léiwer Unlock?
Als riseg groussen Escape Room Fan duerfen natierlech och déi verschiddenst Rätselspiller fir doheem net a menger Sammlung feelen. En Escape Room ass eng Kombinatioun aus Rätselen, déi een ënnerhalb vun enger Stonn léise muss.
An dëser Rezessioun fannt dir en direkten Verglach vu verschiddenen Escape Rooms, déi et als Brietspill ginn. Ausserdeem verroden ech iech meng Favoritten. Vu vir eraus ee klengen Tipp: Besonnesch bei Escape Rooms gi Meenunge weit auserneen. Dëst leit oft dorunner well jiddereen aner Saachen als logesch an novollzéibar empfend. Et ass also wichteg, dass dir äre Favorit fannt.
- Details
- Kategorie: Strategesch Spiller
Epesch Schlachten virum Ënnergang vun Yggdrasil
Blood Rage hunn ech mir eigentlech just kaaft, well et roofgesaat war. Ech war ufanks ganz skeptesch obwuel ech ee Fan vu Cool Mini or Not sinn. No 3 Ronne fannt dir elo hei meng Rezessioun.
Am Blood Rage geet et em 4 Clans, déi de meeschte Ruhm wëlle gewannen. D’Welt em Yggdrasil geet lues a lues duerch de Ragnarök ënner an all Clan well esou vill Gebitter wei méiglech plënneren an hier Aufgaben erfëllen. Ausserdeem kréien si vill Unerkennung fir all Held, deen am Ragnarök stierft.
- Details
- Kategorie: Kooperativ Spiller
Spannend, Innovativ an eng absolut Kaafempfeelung
Gëschter hunn mir zu zwee vir d’Éischt Detective – A modern Crime Boardgame getest. Vu Viraus hunn ech mech mega op dëst Spill gefreet. Ee Brietspill wat eng richteg FBI Ermëttlung widderspigelt a wou Spiller duerch zesummeschaffe Fakten opdecke mussen.