fbpx

Escape Room, Exit oder awer léiwer Unlock?

Als riseg groussen Escape Room Fan duerfen natierlech och déi verschiddenst Rätselspiller fir doheem net a menger Sammlung feelen. En Escape Room ass eng Kombinatioun aus Rätselen, déi een ënnerhalb vun enger Stonn léise muss.

An dëser Rezessioun fannt dir en direkten Verglach vu verschiddenen Escape Rooms, déi et als Brietspill ginn. Ausserdeem verroden ech iech meng Favoritten. Vu vir eraus ee klengen Tipp: Besonnesch bei Escape Rooms gi Meenunge weit auserneen. Dëst leit oft dorunner well jiddereen aner Saachen als logesch an novollzéibar empfend. Et ass also wichteg, dass dir äre Favorit fannt.

Ech befaasse mech elo mol mat Escape Room - Das Spiel vun Noris, Exit an Unlock!. Fir méi Detailer zu deenen eenzele Spiller kennt dir an der Rubrik Escape Rooms méi doriwwer liesen.

Mir perséinlech gefält Escape Room - Das Spiel am beschten. D'Rätsele si fir mech am logeschsten opgebaut an déi ganz Entschlesslungsméiglechkeeten, déi de Chrono Decoder bitt si gutt gelongen. Ausserdeem fannen ech et immens flott, dass d'Spillpläng grouss gehale sinn, sou dass een et och mol zu 6 spille kann. Dëst ass bei deenen aner Variante leider net de Fall. No deem ech déi aktuellste Fäll all duerch hunn, sinn ech ganz begeeschtert. Just den Azteken - Tempel aus der Grondbox huet mir net esou gutt gefall. All eenzel Erweiderung lount sech definitiv. Och wann een d'Rätselen no engem Duerchgang kennt, fannen ech dass dëst Spill duerch aus Potenzial huet fir et puer mol ze spillen. Vereenzelt Fäll hunn ech scho fir zweet duerchgemaach an et mëscht ëmmer erëm  Spaass. Natierlech muss ee genuch Zäit vergoe loossen, sou dass een net méi alles weess. 

Op zweeter Plaz geisnn ech momentan Exit. Bei den eenzele Fäll  fannen ech et immens schued dass ee Spill futti maache muss. Wann ee vill Escape Rooms mëscht kann een sech seelen no puer Joer nach un een eenzelen arenneren. Dofir spillen ech verschidden Escape Rooms och öfters duerch. Dat ass bei den Exit Spiller awer nëmmen iwwer Emweeer méiglech. Ausserdeem ass d'Spill relativ vill op Kaarten opgebaut. Erreischt säit deem neisten: Exit - Das Grauen der Katakomben gëtt et bësse méi Materialien déi ee fir léise vum Fall brauch. D'Kaarten si leider och ganz kleng an et ass immens schwiereg Spill zu méi wei 2 ze spillen.  Vun de Rätselen hier ass et bëssen duerchwuess. et gi vill ganz logesch Saachen op déi ee schnell kennt. Verschidde Saache sinn awer weit hier geholl. Wann een sech awer bis e bësse mat Exit's beschäftegt huet, leiert op Details op ze passen an et fënnt een doduerch oft méi séier déi richteg Léisung.

Unlock gefält mir einfach guer net. D'App bleift reegelméisseg hänken, d'Rätselen si komplett onlogesch an hunn oft keen Zesummenhang. Oft ginn et Kaarten déi dofir geduecht sinn ze kombinéieren, mee schlussendlech brauch een se guer net. Iergendwann si mir dann meeschtens verzweiwelt an hunn eis een Tipp nom aneren ugekuckt.  Wei awer schonn am Ufank gesot, muss jidderee fir sech selwer erausfanne wat logesch an novollzéibar ass. Eenzeg de Fall Der Schatz auf Tonipal Island aus der Unlock Mystery Adventures Box (Box 2) huet eis awer ganz gutt gefall. Ausserdeem fannen ech et positiv dass déi eenzel Fäll vill Ofwiesslung an der Thematik ubidden.

 

Meng absolut Favoritten sin : Nuclear Countdown vun Escape Room - Das Spiel an Exit - Das Grauen der Katakomben