fbpx

Wëllkomm

An dësem Blog fannt dir reegelméisseg Rezessiounen zu Brietspiller a Social Gaming. Des Community ass zu Lëtzebuerg leider net esou staark vertrieden, ewéi an anere Länner an dat soll sech änneren. Falls dir also passionéiert Spiller sidd kennt dir hei nei Spiller fir iech entdecken. Falls dir bis elo just Monopoly oder Contra-Mit kennt, hoffen ech iech mat dësem Blog d'Brietspillszen méi no ze bréngen.

Falls dir Wënsch hutt oder är Events, wei Spillowenter oder Tournoien, deele wëllt kennt dir dat einfach per Email op contact@jump-on-board.de schécken.   

Véier Deeg am Brietspillparadise!

 

En Donneschden, den 24.10.2019, huet Spiel, déi gréißte Messe fir Brietspiller, zu Essen ugefaangen. Mat ongeféier 209000 Besicher ass och dest Joer Editioun definitiv gelongen!

Mir waren dest Joer fir d'éisc:hte Kéier vu Freides bis Sonndes mat dobäi. Hei fannt Dir puer vun eisen Andréck an e puer vun eisen perséinlechen Highlights.

 

Innovativen Mechanismus mat Magnéiter an coolen Artwork!

 

The Faceless, ee Spill vun AlterEgo Games fir 2-4 Spiller, baséiert op engem eenzegartegen Mechanismus mat Magnéiter. Den klengen Ethan ass verschwonnen an Spiller tauche gemeinsam an Roll vum Ethan senge Frënn an, fir hien aus dem Billygoat sengen Hänn ze befreien.

18 Wierfelen, 14 Stëfter an 3 Spiller

An dësem Beitrag geet et em 3 Wierfelspiller, Nochmal!, Ganz schön clever an Doppelt so clever, déi vu Schmidt Spiele verëffentlecht gi sinn. No enger Beschreiwung vun deenen eenzele Spiller gëtt et dann eng Zesummefaassung, déi iech hëllefen soll dat perfekt Spill fir är Grupp ze fannen. 

Eenzegaarteg an trotzdeem feelt et u Widerspillwert.

Discover ass een Entdeckungs- an Iwwerliewensspill fir 1-4 Persounen. All Spill ass eenzegaarteg, dat heescht och wann een sech et 2 mol keeft huet een net dat selwecht Spill. Natierlech bleift d'Grondiddi vum Spill selwecht. Dat eenzegt wat sech ännert ass de Spillplang an domadder och déi eenzel Kaarten. Am Prinzip klengt dat mega spannend an innovativ, leider kann d'Spill dat awer net laang anhalen.  

Nochmal, Decrypto, Es war einmal an Exploding Kittens

Wie kennt et net? D'Chrëschtdagsiessen dauert éiweg an et wënscht ee sech e bëssen Ofwiesslung. Hei fannt dir eis Favoritten fir Chrëschtdag.